Zivilgesellschaft відкриті
[search 0]
більше
Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Am esou genannten Art-Eco-System zu Lëtzebuerg deet sech eppes. Konsequenzen hei dovunner sinn zanter dem Ufank Juli am MNHA ze gesinn. De Marc Hostert (Ekonomist) mat enger Carte blanche zu dësem Sujet.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Wou geet et dëst Joer an d'Vakanz? Dat ass an de Summerméint déi Fro déi am heefegsten opkënnt. Déi meescht vun eis freeë sech op méi oder wéineger exotesch Vakanzendestinatioune fir dem Alldag z'entkommen a sech verwinnen ze loossen. Reesen ass ëmmer méi einfach an accessibel a Reesen erweidert de perséinlechen Horizont. U séch eng gutt Saach, mee…
  continue reading
 
An dëser Carte Blanche diskutéiert d’Claire Schadeck, a wéi enger Form eng Verfassungsännerung de richtege Wee ass fir sech viru mënscherechtsfeindlechen Tendenzen ze schützen.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
De Kampf géint d’Wäisswäsche vu Gelder bréngt mat sech datt de Client vun enger Bank vill a schwéierfälleg Formalitéiten erfëlle muss. Dat stéisst op vill Onverständnes. An dëser Carte Blanche gëtt d’Fro opgeworf, ob et wierklech néideg ass bei klengen a bescheidenen Persounen an Associatiounen esou genee ze reglementéieren. Misst do net de Prinzip…
  continue reading
 
Vill Associatiounen an Institutiounen hu sech an der lescht mam Thema Kanneraarmut zu Lëtzebuerg befaasst. Sief dat d’Deputéiertechamber, d’Caritas oder och den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. An dat zu Recht, well leider ass et en Thema mat dem een sech am räiche Lëtzebuerg muss befaassen, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des…
  continue reading
 
Bei den EU-Walen e Sonndeg entscheet sech déi zukünfteg Ausriichtung vun der europäescher Unioun. Kann eis Groussregioun e Model si wéi eng gutt a staark europäescht Zesummenaarbecht funktionéiere kann? Dozou Iwwerleeungen vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Haut beschäftegt sech d’Magali Paulus mat den Europawalen. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
"La grand fossé" oder firwat zitt sech am Lëtzebuerger Schoulsystem zënter enger gefillter Éiwegkeet e Gruef tëscht der Primärschoul an dem Lycée. Wat den Astérix domadder ze dinn huet a wou de Schong dréckt bei der Orientatioun an Evaluatioun vum zukünftege mëndege Bierger. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.…
  continue reading
 
D'Wale fir d'EU-Parlament de 9. Juni sinn déi lescht vun de Superwaljoren 2023-2024. Och wann d'Europäesch Unioun dacks wäit ewech schéngt, sou ass se an eisem Alldag ganz present. Schonn eleng dowéinst ass et derwäert, sech fir déi Walen z'intresséieren, mengt d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.…
  continue reading
 
Wo ass de Client drun no Covid bei verschiddenen groussen Entreprisen? Steet en nach am Mëttelpunkt oder verbréngt en ëmmer méi seng Zeit an der Wardeschläif um Telefon? De Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen heizou.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Liewe mir responsabel, am Aklang mat eis, der Gesellschaft an den nächste Generatiounen? Oder maache mir nëmme wéi wann a sinn egoistesch soubal mer net ënner Observatioun stinn? Dozou e puer Iwwerleeunge vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
An deenen nächste Woche wäerten zu Lëtzebuerg an der Chamber d’Debatten iwwert de Staatsbudget 2024 stattfannen. Dat mat e bësse Verspéidung, well duerch d’Walen am Oktober 2023 elo eréischt den definitive Budget fir dëst Joer kann ugeholl ginn. Bei deenen Debatte misst d’Steiergerechtegkeet och en Thema sinn, mengt de Sylvain Hoffmann, Direkter vu…
  continue reading
 
Dës Carte Blanche werft ee Bléck hanner d'Kulisse vu Liesproblemer. D'Wëssenschaftlerin an Entwécklungpsychologin Pascale Engel, schwätzt iwwert d´Auswierkunge vu Liesschwieregkeeten a plädéiert fir fréizäiteg Interventiounen.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
D’Claire Schadeck schwätzt an dëser Carte Blanche iwwer d’Benodeelegung an den Ausschloss vu Fraen a queere Mënschen an der Kultur, iwwer déi feelend Zuelen zu Lëtzebuerg an iwwer den éiwege Virworf, dach endlech keng méi opzeféieren.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Ouschteren ouni Ouschterhues – net denkbar! Mä wéi den Ouschterhues areien an dat reliéist Fest, dat Ouschteren entstoe gelooss huet a bis haut säin Datum festleet? Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
D'lescht Woch huet de Lëtzebuerger Premier zu Bréissel deklaréiert, datt d’Regierung an der Atomenergie-Fro eng nei Richtung aschloe wëllt. De Fernand Fehlen ass entsat, iwwer dëse plëtzleche Revirement.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Beim demographesche Wandel féiert déi méi héish Liewenserwaardung an déi gläichzäiteg zréckgoend Unzuel vu Gebuerten dozou, dass méi eeler ewéi jonk Leit eis Gesellschaft ausmaachen. Eng Fro, mat der mir konfrontéiert ginn ass: Wéi kënne mir bei der bestoender Penurie Jiddereen am Alter versuergen? D’Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaf…
  continue reading
 
Selektiv Mesuren si wichteg, grad elo wou ëmmer méi Leit Schwieregkeeten hunn, d’Enner zesummen ze bréngen. De Staat hëlleft do zum Beispill mat der “Allocation de vie chère”, der “Prime énergie”, der "Subvention de loyer". Mee finanziell Hëllef vum Staat kritt een net einfach esou; et muss een Demandë maachen. De Gaston Ternes geet a senger Carte …
  continue reading
 
Haut hu mer e bessen eng aner Form vun Carte Blanche - nämlech en oppene Bréif un d’Bauten- an Transport Ministesch Yuriko Backes. Auteur vum Bréif ass de fréieren LSAP-Minister Robert GoebbelsRTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Säit den leschten Europaparlamentswalen si mir eis der ursprünglecher Visioun fir Europa vu Fridden, Sécherheet a Fräiheet rëm méi bewosst ginn.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Zanter ugangs dës Joers sinn d’Reklammsbliedercher a Folderen, déi an eise Bréifkëschte verdeelt goufen, Vergaangenheet. Natierlech war dësen Trend virauszegesinn.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Och 2024 ass e Superwaljoer. No de Gemengen- a Chamberwalen d’lescht Joer, sti lo d’Sozialwalen am Mäerz an d’EU-Walen am Juni un. Woubäi d’Sozialwalen éischter manner Opmierksamkeet kréien an der Ëffentlechkeet. Zu Onrecht, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB).RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
An deenen nächste Méint a Joren wäert vill iwwert de Lëtzebuerger Rentesystem diskutéiert ginn. Dobäi ass et wichteg net de Fokus aus den Aen ze verléieren, dee muss dorobber leien e staarken ëffentleche System ze erhalen an auszebauen, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
De STATEC liwwert ons reegelméisseg Zuelen iwwer de Wuesstem vun der Bevëlkerung, mee elo mat de Resultater vun der neier Vollekszielung kréie mer Detailer, déi ons erlaben dëse besser ze verstoen. De Fernand Fehlen huet sech dës méi genau ugekuckt.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
D'Leit liewen ëmmer méi laang a gläichzäiteg gi chronesch Erkrankungen a Fleegebedierftegkeet ëmmer méi heefeg. Eng Aart a Weis fir déi limitéiert Ressourcen am Gesondheetssystem besser ze notze kéint sinn, dofir ze Suergen, dass d’Bevëlkerung net nëmme méi laang lieft, mä och gesond bleift.RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Loading …

Короткий довідник