Player FM - Internet Radio Done Right
Checked 1d ago
Додано nine років тому
Вміст надано RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg. Весь вміст подкастів, включаючи епізоди, графіку та описи подкастів, завантажується та надається безпосередньо компанією RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg або його партнером по платформі подкастів. Якщо ви вважаєте, що хтось використовує ваш захищений авторським правом твір без вашого дозволу, ви можете виконати процедуру, описану тут https://uk.player.fm/legal.
Player FM - додаток Podcast
Переходьте в офлайн за допомогою програми Player FM !
Переходьте в офлайн за допомогою програми Player FM !
Подкасти, які варто послухати
РЕКЛАМА
T
The Head Start: Embracing the Journey


The healing power of fitness goes far beyond physical benefits—for today’s guest, it’s a form of self-expression and a celebration of what the body can do. In this episode, host Nora McInerny sits down with fitness personality Ivylis Rivera, who shares her deeply personal journey of navigating life with Chronic Migraine while holding onto her passion for movement. Ivylis opens up about the struggle of staying active while facing the fear of triggering a headache or migraine attack and the resilience it takes to keep pushing forward—a resilience that carried her through the challenging journey of finding a Chronic Migraine treatment plan that worked for her. Join Nora and Ivylis as they explore the concept of “soft living,” a philosophy Ivylis embraces—staying active, listening to your body, and building trust in oneself. Click here for Product Information, including Boxed Warning and Medication Guide, or visit https://abbv.ie/prescribing_info See omnystudio.com/listener for privacy information.…
RTL - Hollywood Reporter
Відзначити всі (не)відтворені ...
Manage series 1277533
Вміст надано RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg. Весь вміст подкастів, включаючи епізоди, графіку та описи подкастів, завантажується та надається безпосередньо компанією RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg або його партнером по платформі подкастів. Якщо ви вважаєте, що хтось використовує ваш захищений авторським правом твір без вашого дозволу, ви можете виконати процедуру, описану тут https://uk.player.fm/legal.
D'Aktualitéit aus der Dramwelt, kommentéiert vum Lokal Korrespondent Pit Biwer aus Los Angeles
…
continue reading
92 епізодів
Відзначити всі (не)відтворені ...
Manage series 1277533
Вміст надано RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg. Весь вміст подкастів, включаючи епізоди, графіку та описи подкастів, завантажується та надається безпосередньо компанією RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg або його партнером по платформі подкастів. Якщо ви вважаєте, що хтось використовує ваш захищений авторським правом твір без вашого дозволу, ви можете виконати процедуру, описану тут https://uk.player.fm/legal.
D'Aktualitéit aus der Dramwelt, kommentéiert vum Lokal Korrespondent Pit Biwer aus Los Angeles
…
continue reading
92 епізодів
All episodes
×Et gëtt kee Star, deen eisen Hollywood Reporter Pit Biwer net virun de Mikro kritt. Haut stinn e puer méi Käerzen um Kuch...
Dréiaarbechten vun Horizon 3 lafen an de Kevin Costner erkläert wourop et bei him ukënnt, fir sech fir en Dréibuch ze entscheeden. Och d'Ëmwelt spillt zu Hollywood eng grouss Roll bei den Acteuren, de Pit Biwer mat Nimm, déi sech staark fir den Ëmweltschutz asetzen a munch engem och finanziell ënnert d'Äerm gräifen.…
Wéi ee Film verbënnt esou vill Emotiounen, Nostalgie a Kino-Magie wéi E.T.? Wéi den Steven Spielberg säin Ausserierdeschen haut gesäit – a wat d’Drew Barrymore nach ëmmer domat verbënnt dat erzielt elo de Pit Biwer.
1987 war Dirty Dancing dee mega Succes, an den Haaptrollen Patrick Swayze an Jennifer Grey. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer kuckt op dëse entretemps Kultfilm zréck.
Et hätt alles ganz anescht kënne kommen. Wéi eng Filmer wiere komplett anescht, wann net Lucy Liu, Tom Cruise oder Al Pacino op der Leinwand ze gesi gewiescht wieren, mee aner Staren? Vill bekannte Rollen waren ursprénglech fir aner Acteuren geduecht – bis se sech spontan ëmentscheet hunn. Hei eng spannend Rees duerch déi „wat wier wann…?“-Momenter zu Hollywood.…
Kultfilmer musse bleiwen wéi se sinn. Et geet net fir u grousse Wierker eppes ze veränneren och wa KI dat méiglech mécht. Dofir schwätzen sech grouss Hollywood Regisseuren wéi Martin Scorsese oder George Lucas beim Pit Biwer am Interview aus. Donieft gitt Der méi gewuer iwwer den EGOT, de Ritterschlag wann een esou wëll an der Filmbranche.…
R
RTL - Hollywood Reporter

D'Sandra Bullock, den Tom Hanks, de Keanu Reeves oder d'Cameron Diaz sinn net nëmme gutt Schauspillerinnen, mee och gutt Geschäftsleit! E puer vun hiren Deals ginn zu Hollywood als legendär ugesinn, Pit Biwer.
Den Hollywood Walk Of Fame éiert net nëmme Staren. Si ginn och alt emol gäre benotzt, fir de Respektive Promien ze weisen, wat ee vun hinnen hält. Den Donald Trump oder och de Bill Cosby kruten dat iwwer dëse Wee alt scho mol ze spieren. Ee Spezialist hat sech dann och eppes Besonnesches fir de Stär vum John Lennon afale gelooss. De Pit Biwer mat den Anekdoten.…
An deem Kader huet eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer en Interview vun der verstuerwener Schauspillerin Janet Leigh aus sengem Archiv gekroomt. D'Janet Leigh schwätzt am Interview iwwert déi feelend Gläichberechtegung zu Hollywood a wéi si probéiert huet, hir Duechter Jamie Leigh Curtis op de raue Filmbusiness virzebereeden.…
Am Alter vu 65 Joer ass de Val Kilmer verstuerwen. Säin Dout huet net nëmmen zu Hollywood groussen Trauer ausgeléist, och hei am Land hu vill Leit an de soziale Medien hieren Trauer ausgedréckt. De Pit Biwer erënnert sech un e puer Blockbuster vum Schauspiller zeréck, notamment un de Film Batman an deem domat verbonnene schwéiere Kostüm.…
De Quentin Tarantino huet dem Pit Biwer Detailer iwwer säin neien a villäicht leschte Film a senger Karriär verroden. An de Kult-Regisseur seet eis och firwat hien sech dofir asetzt, dass zu Los Angeles nees al Filmer an de Kinoe lafen.
Virun 33 Joer huet "Basic Instinct" d'Sharon Stone zum Weltstar gemaach. Eng Zeen am Film huet deemools fir vill Diskussiounen gesuergt. De Pit Biwer kuckt haut op dëse markante Moment am Kino zeréck a schwätzt ënnert anerem mat der Schauspillerin an dem Produzent iwwert Changementer am Filmbusiness an dass et vill Ellementer ginn, déi e Film beaflosse kënnen.…
D'Vakanz ze plangen steet bei eis all ganz uewen op der Lëscht, an dat ass bei de Promien aus Hollywood net anescht. D'Stare sinn dëser Deeg méi wéi jee op der Sich no der perfekter Vakanz. Mee wat den Hollywood Reporter festgestallt huet: et gëtt en exklusiven Dram-Ressort, dee sech bei de bekanntste Promien zu engem Favorit entwéckelt huet. Wou genee d'Hollywood-Elite hir Zäit am léifste verbréngt a firwat grad dëse Paradäis esou beléift ass, verrode iech de Pit Biwer.…
R
RTL - Hollywood Reporter

Wéi et schéngt geet zu Hollywood den Oscar-Fluch ëm. An deene leschte Joer sinn nämlech vill Bezéiungen nom Gewënn vum klenge gëllenen Academy Award an d'Bréch gaangen. Ausserdeem verréit de Pit Biwer eis, wéi dem Jennifer Aniston seng Karriär deemols ugefaangen huet.
Den Dustin Hoffman ass net bekannt dofir, mat Regisseuren ze streiden, ganz am Géigendeel - hien ass a punkto Dréibuch ëmmer op seng eege Visioun fixéiert. Wat Dréibicher ugeet, sou ass och net ëmmer alles perfekt, dofir péckt hie gären eng Hand mat un an dat mécht den Dustin Hoffmann zu engem beléiften Acteur an "Assistent". E puer nei Filmer déi an Zukunft mam Acteur erauskommen huet eisen Hollywood Reporter och mat dobäi.…
Den Gene Hackman ass mat 95 Joer zësumme mat senger Fra dout an hierem Haus zu Los Angeles fonnt ginn. De Pit Biwer kuckt zereck op puer Gespréicher mam Oscar-Gewënner an liwwert eis d'Reaktiounen aus der Dramfrabrik Hollywood.
Ugeholl dir géift een Oscar oder en anere groussen Award gewannen - wou géift dir en hi stellen? Eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer huet Stars ewéi Sally Field, Tom Hanks oder Sissy Spacek gefrot, op wéi enger Plaz si hir Academy Awards stoen hunn. Ausserdeem huet hien e puer Fakten iwwert dee klenge gëllene Männchen a verréit eis wat d'"Oscar Clinic" ass!…
An der Nuecht ginn déi mat Ofstand bekanntste Filmpräisser op der Welt iwwerreecht. D'Academy Awards, dee gudden Oscar. Zu där Iwwerreechung gehéiert traditionell eng glamouréis Show. Detailer vun eisem Mann zu L.A., dem Pit Biwer.
An der Nuecht vun e Sonnden op e Méinde sinn d'Oscars am Dolby Theatre zu Los Angeles. Bei deene 97. Academy Awards gehéiert d'Demi Moore mat senger Roll an "The Substance" zu deene grousse Favorittinne fir déi "bescht Schauspillerin". Net nëmme bei de Kritiker, mee och bei Film-Fans ass d'Demi Moore extrem beléift.…
De Sidney Poitier ass eng absolutt Legend am Schauspill-Business. Fir seng Roll a "Lilies of the Field" krut de Poitier 1964 en Oscar - als éischten Afroamerikaner iwwerhaapt. Haut hätt de Sidney Poitier 98 Joer kritt.
Datt et den Hollywood-Staren dacks gutt geet ass kee Geheimnis. De Pit Biwer stellt eis haut mol puer Promis fir, déi och vun hierem Räichtum e bëssen eppes ofginn.
Bei Dréiaarbechten entstinn alt schonn emol gutt an déif Frëndschaften, esou och tëscht dem Dennis Hopper a Peter Fonda. Dernieft war den Hopper gefrot ginn, fir d'Regie vum Film Pretty Woman ze iwwerhuelen. Dee wollt en anert Enn vum Film hunn. Den Hollywood Reporter, Pit Biwer kennt d'Enn vum Film, wat esou ni ëmgesat gouf.…
Eisen Hollywood-Reporter ass beschtens vernetzt. Dës Woch huet de Pit Biwer de Schauspiller Nick Nolte um RTL Mikro.
De Ke Huy Quan zielt elo zu der Elite vun den Hollywood Gréissten deenen hir Hännofdréck um berüümte Boulevard zu L.A. veréiwegt sinn. Den 53 Joer ale Schauspiller war méi wéi iwwerrascht iwwer déi Nouvelle. Detailer elo vun eisem Hollywood-Reporter Pit Biwer deen och genee erkläert wéi dat funktionéiert fir déi Ofdréck ze veréiwegen.…
Billie Eilish, Johnny Mitchel oder och d'Red Hot Chili Peppers - fir elo just si ze nenen. De Fire-Aid Concert ass den 30. Januar op zwou Plazen. Eemol am The Intuit Dome an am Kia Forum zu L.A. D'Recette kommen den Affer vun de schroe Bëschbränn zegutt. Elo scho geet dëse Concert an d'Geschicht an.
De Film "The Bodyguard" aus dem Joer 1992 ass ee vun den absolutte Klassiker aus der Film-Geschicht. D'Haaptrolle spillen d'Whitney Houston an de Kevin Costner. De Schauspiller huet sech am Interview mat eisem Hollywood Reporter Pit Biwer iwwert de Film ënnerhalen.
Déi schlëmmst Bëschbränn am Süde vu Kalifornien hunn Dausende vun Awunner alles kascht. Elo organiséiert d'Annenberg Foundation mam Fire Aid e Benefizconcert: Den 30. Januar spillen d'Billie Eilish an aner grouss Nimm am Intuit Dome a Kia Forum. Wat d'Staren do op d'Been stellen a wéi eng Kënschtler fir e Grammy a fro kéimen, dat weess de Pit Biwer.…
Den Doud vum David Lynch e Mëttwoch, den 20. Januar hannerléisst e Lach an der internationaler Filmlandschaft. Wéi grouss dat ass bezéien déi waarm Wierder, déi de Nicolas Cage an de Kyle MacLachlan um RTL Mikro beim Pit Biwer fonnt hunn.
Op der amerikanescher Westküst huet d'lescht Woch e grousst Feier fir enorme Schued a Leed gesuergt. Dës Kéier ass Los Angeles, mam berüümte Staddeel Hollywood, net verschount bliwwen. Den Hollywood Reporter Pit Biwer huet d'Katastroph hautno materlieft.
Déi schlëmm Bëschbränn zu Los Angeles si weiderhinn net ze stoppen. Ronn 12.000 Haiser goufe komplett zerstéiert an déi offiziell Zuel vun den Doudesaffer ass mëttlerweil op 16 geklommen. 180.000 Mënschen hunn hir Haiser an deene leschten Deeg misse verloossen, dorënner och etlech Hollywood-Stars an aner Prominenter. De Pit Biwer gëtt eis en Androck vun der Stëmmung op der Plaz.…
Hollywood ass a Gefor. Déi geféierlech Bëschfeier, déi sech ëmmer méi séier ausbreeden. Feier ass elo just nach e puer Kilometer vun der weltbekannter Filmmetropol ewech. D'Situatioun ass sou kritesch, datt eng ganz Partie Veranstaltungen hu missen ofgesot ginn - eppes wat et an dësem Ausmooss nach ni zu Los Angeles gouf. De Pit Biwer mam Temoignage.…
Haut den Owend geet mat de Golden Globes d'Saison vun de Präisverdeelungen un. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer erzielt d'Geschicht vum renomméierte Präis a stellt eis d'Favoritten an deene verschiddene Kategorië vir!
Am Januar feiert Beverly Hills Gebuertsdag. D'Geschicht vu Beverly Hills fänkt awer net mat Hollywood-Stars, mee mat Petrol un. Eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer hëlt eis mat an d'Stad vun de Rich & Famous.
Erënnerungen un d'Debbie Reynolds an d'Carrie Fisher, déi béid Hollywood-Gréissten, Mamm a Meedchen, déi eis Enn Dezember am Joer 2016 quasi zäitgläich verlooss hunn.
R
RTL - Hollywood Reporter

Nach zwee Deeg bis Hellegowend. De Pit Biwer hat Schauspill-Stars ewéi d'Mimi Rogers, d'Sarah Jessica Parker oder de Kevin James gefrot, wéi a wou si d'Chrëschtdeeg verbréngen. De Sylvester Stallone schwärmt vu senger impressionanter Sammlung vu Bronze-Statuen an zum Schluss ginn et och nach e puer Chrëschtdagswënsch vun Hollywood-Gréissten.…
Grouss Unerkennung fir den Tom Cruise, hien kritt e ganz renomméierte Präis. Den "distinguished public service award" vun der US Navy. Dernieft verréit den Hollywood Reporter, wien d'Schauspiller Fit hält, wann et heescht geféierlech Stunte ze maachen.
E massiivt Feier zu Malibu huet zu seriéisen Evakuatiounen gefouert. D'Autoritéiten schaffen intensiv, fir d'Situatioun ënner Kontroll ze kréien. Zur selwechter Zäit ginn et spannend Rumeuren iwwer en neie geheime Film vum Christopher Nolan. D'Detailer sinn nach geheim, mee d'Fans erwaarden mat Spannung weider Informatiounen an d'Beyoncé preparéiert sech intensiv op d'Grammyen.…
No e puer Skandaler an enger Partie Ännerungen bei de Golden Globes, soll dës prestigiéis Präisiwwerreechung erëm mat den Oscaren mathale kënnen. An engems erkläert d'Halle Berry wat den Ënnerscheed tëscht den Oscaren an de Golden Globes ass.
Den Jeff Bridges huet kierzlech säi 75. gefeiert. De 7-fachen Oscargewënner huet e spezielle Wonsch deen e senge Fans mat op de Wee ginn huet. E weidert Gebuertsdagskand ass Marisa Tomei, déi an den 90er ganz onerwaart en Oscar gewonnen huet a sech géint déi ganz Grouss duerchsetze konnt.
Vill Schauspiller wëllen an hire Filmer och fir d'Regie verantwortlech sinn. Déi zwou Saachen ënnert een Hutt ze kréien ass definitiv net einfach - ausser et heescht ee Clint Eastwood! An den Hollywood Reporter Pit Biwer huet mam Morgan Freeman iwwert seng onverkennbar Stëmm geschwat.
3 Matrix-Filmer, Predator oder Die Hard, fir just déi ze nennen, goufe vum Joel Silver produzéiert. Een dee gäre mam Joel Silver zesummeschafft, ass de Sylvester Stallone. Ma wat mécht eng Produktioun méi einfach? Dat huet de Joel Silver dem Pit Biwer am Interview verroden an och Sandra Bullock hat et net ëmmer einfach virun der Kamera.…
De Kevin Costner huet viru Kuerzem deen éischten Deel vu senger Western-Film-Rei "Horizon" erausbruecht. An deem Kader huet hien eisem Hollywood Reporter erzielt, wéi hie wärend Dréiaarbechte vum Western "Dances with Wolves" (1990) eng Kéier vum Päerd gefall ass. Den Tom Selleck an de "Crocodile Dundee" Paul Hogan schwätzen iwwert d'Bedeitung vum Western-Genre an der amerikanescher Film-Geschicht.…
Las Vegas zitt net nëmmen d'Formel 1 Elite un, mee och Hollywood Staren. An der Stad vun de schnelle Decisioune louch de Rekord bei der Britney Spears mat 55 Stonnen Bestietnes, dem Nicolas Cage seng Las Vegas Léift huet véier Deeg gedauert, an den Elvis selwer huet sech hei 1967 mat der Priscilla d'Jo-Wuert ginn. Dëse Weekend gëtt nees Gas ginn - um Circuit a bestëmmt och an der berüümter Little White Wedding Chapel, Pit Biewer.…
Den Al Pacino fuerdert d'Regisseuren op, d'Aarbechtsstonne vun de Schauspiller ze reduzéieren. Den Tom Hanks huet e Privatkach engagéiert. An d'Gediechtnes vum Martin Sheen ass net ëmmer dat bescht. Den Hollywood-Reporter Pit Biewer.
Stare wéi d'Cameron Diaz, d'Catherine Zeta-Jones oder d'Jennifer Lopez hu bei Null ugefaangen. De Pit Biwer weess, wéi si sech duerch Modellfotoen a kleng Rollen bis ganz no uewe geschafft hunn. Ganz exklusiv: D'Cameron Diaz schwätzt mat eis iwwert hiren ongewéinleche Start an d'Filmgeschäft.
Ласкаво просимо до Player FM!
Player FM сканує Інтернет для отримання високоякісних подкастів, щоб ви могли насолоджуватися ними зараз. Це найкращий додаток для подкастів, який працює на Android, iPhone і веб-сторінці. Реєстрація для синхронізації підписок між пристроями.